Save the Date ! Lännermatcher am Oktober

  16.10.2018

D'FLH invitéiert all Handballfrënn op d'Frëndschaftslännermatcher vun eisen Dammen an Hären.

Den Ufank maachen eis Hären nächste Méindeg (22. Oktober) um 19:30 Auer zu Bouneweg an der Sportshal (rue Gangler) géint d'Nationalequippe aus Litauen.

Da spillen eis Dammen e Freideg an e Samschdeg géint d'Nationalequippe aus dem Kosovo déi trainéiert gëtt vum Goni Shabani. Deen éischte Match ass Freides de 26. Oktober um 19:30 zu Maacher an der neier Hall op Flohr. Deen zweete Match gëtt da Samschdes (27. Oktober) um 18:00 Auer zu Käerjeng um Dribbel gespillt.

Den Entrée kascht all Kéier 5 Euro, a Jugendlecher a Kanner ënner 16 Joer hu fräien Entrée.