Sabien Weber an Denis Weinquin, nei EHF Arbitterkoppel
  16.08.2021


De Sabien Weber an den Denis Weinquin, hunn no enger gudder Performance op der W17 EHF Championship a Litauen, den si mat der Leedung vun der klenger Final ofgeschloss hunn, hiren EHF Badge krut. Domadder hu mir nees 2 international Koppelen. Mir gratuléieren hinnen zu dësem Erfolleg.