Roude Léiw Fan ? Museker ? Da brauche mir dech !
Fir eis Häre-Nationalequippe an der Coque ze ënnerstëtze siche mir motivéiert Museker déi déi 3 Deeg vum Turnéier (11. bis 13. Januar) bei de Matcher vun de Roude Léiwen eis Equippe stemmungskräfteg ënnerstëtzen.
Du hues eng Tromm, oder eng Trompett, eng Posaun oder eng Tuba, oder soss en Instrument (weg keng Triangel :)) an du bass bereet wärend 60 Minutte Gas ze ginn, da bass du deen (oder dat) wou mir sichen.
Mir offréiere fräien Entrée, an e Fan-Schal wann s de 3 Deeg do bass.
Mell dech weg um Büro vun der FLH (48 54 74) wärend de Bürosstonnen (10 bis 16 Auer) an dat bis den 9. Januar.
#MirsinnHandball #Letsmakeithappen #AXALeague