Rollstullhandball zu Diddeleng : D‘Turnéier „Grand-Est League“ huet de 24. Mee 2025 zu Diddeleng stattfonnt.
Rollstullhandball zu Diddeleng : D‘Turnéier „Grand-Est League“ organiséiert vum HBD, huet de 24. Mee 2025 zu Diddeleng stattfonnt.
6 Ekippen aus 3 Länner waren dobäi; 4 aus 🇫🇷 Frankräich, eng aus der 🇧🇪 Belsch an eng aus 🇱🇺 Lëtzebuerg.
D'Arbittere goufe vun der Ligue Grand-Est nominéiert, woubäi eng Arbitterkoppel aus der Belsch eng Formatioun gemaach huet.
Bei der Präisiwwerreechung huet de President vun der FLH, den Dr. Romain Schockmel, an de Familljeminister Max Hahn eng kuerz Ried gehalen, déi d’Wichtegkeet vum Rollstullhandball a punkto Inclusioun ënnerstrach huet, well hei net nëmme Leit mat reduzéierter Mobilitéit zesumme mat gesonde Léit spillen, mee och Frae matt Männer gemëscht matspillen.
#handballassméi