Paul Nesser als Delegué op der M19 EHF Euro a Kroatien
  14.08.2021


Niewent den Arbitter Koppele Linster/Rauchs (W17 EHF Euro am Montenegro) a Weber/Weinquin (W17 EHF Championship a Litauen)  ass och de Paul Nesser dëse Summer fir d’EHF ënnerwee.

Hie fungéiert als Delegué op der M19 EHF Euro a Kroatien. Hei op der (enger) Foto mat de Gebridder Martins aus Portugal (Arbitter) an den Delegué Michel Caillet (FRA) an Oyvind Togstad (NOR) déi zu Lëtzebuerg keng Onbekannt sinn.