News vum Emely Weis aus Viborg - Dänemark
D'Emely Weis vum HBD huet sech virun der Saison entscheet de Schratt an d'Ausland ze woen, wou hatt den Handball mat der Schoul ka verbannen. "An der Schoul geet et ganz gutt, et ass awer deels e ganz anere System wei deen zu Lëtzebuerg!" Wat seng néi Klassekomerodinnen a Matspillerinnen ugeet huet d'Emely sech schnell agelieft "Ech gi super eens mat menger neier Klass an Equipe, a mir verstinn eis all gutt." Wat den Handball betrëfft ass et am Ufank net sou gutt gelaf. "Leider hat ech bis elo bal keng Méiglechkeet e Match ze spillen, well ech mir déi Woch virum Saisonufank de Fouss verstaucht hat. No 2 Woche mat Opbautraining kann ech elo awer weider Spillpraxis sammelen. Virun der Saison hate mir awer een Turnéier gewonnen an ech spille Mëtt- resp. Lénkshallef." Op d'Fro wéi d'Equipe bis elo gespillt huet seet d'Emely: "Bis elo hu mer bis op een all Match gewonnen." Dat héiert sech dach alles gutt un, a mir wënschen dem Emely weiderhin "Held og lykke" a sengem ageschloene Wee. #MirsinnHandball #Letsmakeithappen