News vu Gummersbach an de Gebridder Kaysen

  09.10.2018

No sou munche Wochen an Trainingscamps vun däitsche Veräiner ewéi THW Kiel an TV Grosswaldstadt, sinn de Luke a Loïc et gewinnt länger Zäit vun doheem fort ze sinn. "Mir sinn an eiser Handballwelt zu Gummersbach ukomm", do sinn de déi Zwee sech eens. Si si super integréiert an hire respektiven Equippen a fillen sech extrem wuel zu Gummersbach. "10 Trainingsunitéiten d’Woch, 1 Match de Weekend an net ze vergiessen d'Schoul - dat ass e Pensum dee mir awer gutt meeschteren, dem Sportlycée säi Dank! Well do konnte mir virdrun eng gutt Basis leen." Grad wéi beim Charel an Eric zu Lemgo, sinn de Loïc a Luc a bestännegem Kontakt mat hiren Elteren a Frënn zu Lëtzebuerg. "Eis Eltere kommen och all puer Wochen op Gummersbach, an ënnerstëtzen eis wou si kënnen." "Mir liewen eisen Dram a freeën eis eis Lëtzebuerger Frënn am Hierscht erëmzegesinn", sou d'Gebridder Kaysen zum Schluss.

Mir wënschen hinnen Zwee natierlech nëmmen dat Bescht a mellen eis deemnächst mat Andréck vum Emilie Weis a Joé Schuster. Stay tuned!