Nationalspiller Luke Kaysen verlängert bei SV Salamander Kornwestheim an der 3. Liga
Den 20 Joer ale Luke Kaysen wäert an der kommender Saison weiderhin de „Lurchis"-Trikot vum SV Salamander Kornwestheim droen. „D'Teamstruktur, déi mir hei hunn, ass einfach fantastesch," seet de Luke. „En anere Faktor war, datt ech déi Spillzäit krut, op déi ech gehofft hat, viru kuerzem natierlech verstäerkt duerch d'Feelen vum Jan Reusch, mee och scho virdrun. Ech si wierklech frou, hei weiderzemaachen."
„Och mënschlech passt de Luke perfekt an eis Teamstruktur, a gouf mat senge staarke Leeschtunge séier e wichtege Bestanddeel vun eiser Ekipp“, seet de sportleche Chef vu Kornwestheim Pascal Welz.
Mir wënschen dem Luke "Bonne Chance" bei sengem Veräin. Als Tabellenéischten an der 3. Bundesliga Staffel Süd ass jo nach alles dran dës Saison !
Photo credit: Mo Salathe