Miersch75 invitéiert häerzlech op déi 3. Editioun vu senge KIDSDAYS

  25.07.2025

Miersch75 invitéiert häerzlech op déi 3. Editioun vu senge KIDSDAYS

vum 1. bis de 5. September zu Miersch an der Wisestrooss an um Krounebierg

 

All Dag (14h00 bis 17h00) sti vill verschidden Indoor- an Outdoor-Aktivitéiten um Programm.

 

Hei geet et NET primär ëm den Handball, mee dorëms d’Welt vum Sport a sengen ënnerschiddlechste Facetten ze entdecken, flott Erfarungen ze sammelen a schéi Momenter ze erliewen.

Dat kierperlecht, soziaalt a mentaalt Wuelbefanne vun de Kanner ass eis all een Uleies an dofir wiere mir frou, wa vill Kanner géifen deelhuelen.

 

Et sinn och eng Rëtsch SPECIAL-GUESTS mat an deene verschiddenen Atelieren dobäi.

 

Infos an Umeldungen : www.mersch75.lu/kidsdays

 

#handballassméi