Men's 20 EHF Championship II 2026 am Kosovo : Belsch 🇧🇪 - 🇱🇺 Lëtzebuerg 34 - 28

  13.07.2026

Men's 20 EHF Championship II 2026 am Kosovo : Belsch 🇧🇪 - 🇱🇺 Lëtzebuerg 34 - 28

En Ufank wou eis Jongen net gutt an de Match komm sinn, mee dunn awer permanent dergéint gehalen hunn, fir mat am Réckstand vun 2 Goler an d'Paus ze goen, wou esou guer mat e wéineg Chance e Gläichstand méiglech war.

Och an der zweeter Halschent sollt eis Ekipp den Ekart net verkierzt kréien (ausser an der 35. Minut wou si mat 20-18 a Féierung goungen), an domat wënnt d'Belsch verdéngt mat 6 Goler Avantage.

Als Lëtzebuerger "Player of the Match" gouf de Fanou Ulmerich gewielt

De nächste Match spillt eis Ekipp e Mëttwoch 15. Juli um 13:45 Auer géint Bulgarien 🇧🇬

Dir kënnt dëse Match an all déi aner Matcher live op 📺 EHFtv.com kucken. Dir braucht e Kont (gratis) an e Pass fir d'Men’s 20 EHF Championship II. Dee Pass kascht eemol 6,99 Euro, an ass fir all d'Matcher vun de Championship's gülteg

#handballassméi #followthefuture #RoudeLéiwHuelse