Men’s 20 EHF Championship 2024 am Kosovo (Bel - Lux 26:32)

  14.07.2024

Am éischte Match vun den M20 EHF Championship wënnt Lëtzebuerg mat 32 - 26 (Paus 17 - 14) géint d'Belsch.

Als "Player of the Match" vun der EHF gouf op der Lëtzebuerger Säit eis Nummer 11, den Itua Etute gewielt.

Elo geet et da muer géint d'Türkei fir déi éischte Plaz am Grupp B.

De Match gëtt um 12:15 Auer ugepaff. Och dëse Match gëtt op EHFTv www.ehftv.com iwwerdroen (dir braucht just e gratis Account).