Men’s 18 EHF Championship 2024 am Kosovo (GEO - LUX 33 – 36)

  15.08.2024

Lëtzebuerg wënnt mat 36 - 33 géint Georgien.

 

No enger um Pabeier ausgeglachener éischter Hallschent (16 - 15), konnten eis Jongen sech am Ufank vun der zweeter Hallschent ëmmer méi ofsetzen. An der 53. Minutt war mat 7 Goler déi héichsten Differenz erreecht.

Duerno koumen d'Georgier nees lues a lues zeréck. An der 59. Minutt war de Virsprong op just 1 Gol geschmolz. An d'gouf nach eng Kéier spannend. Mee eis Jongen hunn awer näischt méi ubrenne gelooss, an hu schlussendlech mat 3 Goler Ënnerscheed gewonnen.

 

Als "Player of the Match" vun der EHF gouf op der Lëtzebuerger Säit eis Nummer 2, de Bob Mousel gewielt.

 

Elo ass e Samschdeg den zweete vum Grupp A (wien dat ass, ass momentan nach net bekannt) an der Hallef-Finall eise Géigner. Uworf ass um 18:30 Auer.

 

Dëse Match gëtt och (wéi all déi aner Matcher) op EHFTV www.ehftv.com iwwerdroen (dir braucht just e gratis Account).

 

#handballassméi #RoudeLéiwHuelSe