Médaille du Mérite Sportif

  03.08.2021

D'FLH gratuléiert den Häre Georges Frieden, Paul Nesser, Arno Niederprüm a Patrick Simonelli fir d'Médaille du Mérite Sportif déi si vir hier Verdéngschter fir de Lëtzebuerger Handball vum Sportminister Dan Kersch kritt hunn. Wéinst der Covid-Pandemie sinn dës Medailen dëst Joer per Post zougeschéckt ginn.

De Georges, Paul, Arno a Patrick hunn haaptsächlech als Arbitter alleguer weit iwwer 1000 Matcher geleet. Mir hoffen si bléiwen dem Handball nach laang trei.

#handballassméi