M18 EHF Championship 2022 zu Riga a Lettland
De Mueren ass eis U18 Männer Nationalekipp vum Findel aus iwwer Frankfurt op Riga geflunn, wou vum 8. bis 14. August d'U18 Championships stattfannen.
Hir Géigner sinn an der Qualifikatioun : D'Belsch an d'Schwäiz.
Den éischte Match ass en Dënschdeg (9. August) um 17:00 Auer Lokalzäit (also 16:00 Auer Lëtz. Zäit) géint d'Belsch.
All d'Matcher kënnt dir op EHFTv ehftv.com/home verfollegen.
#handballassméi