LODYSS - Supercup 2022
  02.09.2022


Muer ass et nees esou wäit. Éischt offiziell Matcher am Lëtzebuerger Handball ! Zu Bascharage am Käerjenger Dribbel.

15:00 Auer : HB Käerjeng - HB Diddeleng (Fraen)

17:30 Auer : HB Esch - Red Boys (Männer)

Opgepasst  :

De Rond-point Biff ass de ganze Weekend gespaart, an et gëtt eng Deviatioun duerch Lénger (oder iwwert Suessem fueren, an do Deviatioun Käerjeng duerch d'ZA Zaemer, an d'Avenue de Luxembourg, an dann op den Dribbel aus Richtung Stad).

 

Parking Zuschauer : "Um Dribbel, "op Acker" oder Parking du Centre (350m) oder beim grousse Supermarché

 

Entrée (2 Matcher) :

Erwuessener 10 Euro

Studenten 5 Euro

Fräien Entrée fir Kanner a Jugendlecher bis 17 Joer