Lëtzebuerger Trio fir Frae Champions League nominéiert !
  23.01.2023


D’Joer 2023 fänkt ganz spannend un fir eis international Vertrieder.

 D’Arbitterkoppel Sabien Weber an Denis Weinquin waren Ufank Januar am EHF Women European Cup ënnerwee an hunn déi duebel Konfrontatioun tëschent dem Club Balonman Atletico Guardes aus Spuenien an H71 vun de Faroer geleet. (34-31 an 28-26)

D‘Arbittelkoppel Alain Rauchs a Philippe Linster waren dëst Joer och scho fir 2 Gruppematcher an der EHF Women European League nominéiert, fir d‘Matcher Thüringer HC géint Paris 92 (28-24) an den Dag drop Borussia Dortmund 09 géint Molde Elite aus Norwegen (33-32).

Ufank Februar geet et dann direkt weider fir si, an zwar an der Frae Champions League fir de Gruppematch DHK Banik Most (Tschechien) géint Odense Handball (Dänemark).

Och den Delegué Paul Nesser war Ufank Januar schonn am Asaz an zwar op der IHF MU21 World Championship Qualificatioun an Italien. Seng nächst Nominatioun ass dann och an der Frae Champions League fir de Match Team Esbjerg (Dänemark) géint WHC Buducnost BEMAX (Montenegro).