Lëtzebuerger Damme verléiere 15 op 47 géint Brasilien

  26.11.2021

Mat just 11 Spillerinnen hunn eis rout Léiwinnen esou gutt ewéi méiglech géint de Weltmeeschter vun 2013 Brasilien matgehalen. Vun Ufank un haten si et schwéier sech géint déi robust Brasilianerinnen duerch ze setzen. Mat 6-22 ass et an d'Paus gaangen. An der zweeter Halschent ass et am Ugrëff e bësse besser gelaf an um Enn konnt eis Ekipp 15 Goaler markéieren. D'Tina Welter mat 6 an d'Mirela Kozar mat 4 Goaler waren eis bescht Goalgetter.

Haut spillen eis Fraen géint Finnland. Dir kënnt de Match via folgende Link verfollegen :

https://www.youtube.com/watch?v=2e79liFuBIo

Interview mam Coach Adrian Stot

Flh: Adrian Stot, kanns du eis e puer Andréck soen wéi's du de Match géint Brasilien gesinn hues?

A.S: Am Virfeld vum Match war et kloer, datt et schwéier gëtt hei um Turnéier gutt Resultater ze erspillen. Ouni 5 Titulairen vum HBD, déi net konnte matfléien duerch ee positive Covidtest an hirer Ekipp déi aus Serbien erëm koum ass, huet een sech dat schlëmmst missen erwaarden.

Flh: Brasilien ass jo och net dee Géigner wou Lëtzebuerg grouss Chancen huet.

A.S: Nee sécher net, si gehéieren zu de beschten Ekippe vun der Welt, an si sinn heihinner komm fir sech virzebereeden op d'Weltmeeschterschaft déi am Dezember a Spuenien stattfënnt.

Flh: Wat hat sech eis jonk Ekipp virum Match virgeholl?

A.S. Eis Spillerinnen, deels nach keng 18 Joer al, ware motivéiert an hunn et als eng Éier gesinn dierfen géint ee fréiere Weltmeeschter ze spillen, sou oft kritt een déi Méiglechkeet net. Si ware sech bewosst dat et ganz schwéier géif ginn. Am Match hunn si hiert Bescht gemaach. Op deem Niveau gëtt all Feeler konsequent genotzt, a Brasilien huet eis mat Konterattacken d'Liewe schwéier gemaach.

Flh: Wat fir Spillerinne sinn dir am Beschte bei eis opgefall?

A.S.: Ech well elo direkt keen nennen mee eis Verdeedegung mat engem staarke Golkipp huet gutt gekämpft, well soss wier d'Resultat nach méi héich ausgefall. Wat eisen Ugrëff ubelaangt kann een soen dass si mat 15 Goaler en uerdentleche Score gemaach hunn. Mat e bësse méi Chance wär méi dra gewiescht.

Flh: Nach e puer Sätz iwwert de Match vu muer.

A.S. Finnland ass eng Ekipp déi theoretesch an eisem Niveau läit... wa mir komplett sinn. Eis Spiller sinn trotz ale Réckschléi ëmmer motivéiert an dat gëtt mir Hoffnung fir d'Zukunft.

Flh: Merci Adrian, a Bonne Chance!

A.S. Nach eppes zu der Organisatioun hei am Baskeland. Mir sinn gutt empfaange ginn an si hëllefen eis wou se kënnen a si sinn och bereet de Kontakt mat eis ze halen wat fir eis nëmme positiv ka fir Zukunft sinn.

deisad