Lëtzebuerg wënnt dee wichtege Match géint Bulgarien mat 36 - 17 (15 - 8).

  12.01.2019

Mat enger ganz staarker Leeschtung hunn eis Jongen de Match vun Ufank un kloer gemaach an de Bulgaren guer keng Chance gelooss. Bis zum Schluss hunn si konzentréiert duerchgespillt an duerfir och verdéngt gewonne. Lo muss muer Sonndeg (17:00 Auer am Gymnase vun der Coque) nach de leschte Match géint Groussbritannien, déi haut am éischte Match vum Dag mat 32 - 26 géint Irland gewonnen hunn, och nach gewonne ginn, fir den Turnéier ongeschloe fäerdeg ze spillen.

An der Tabell féiert Lëtzebuerg mat 4 Punkten, viru Groussbritannien a Bulgarien allen zwee 2 Punkten, an Irland op der 4. Plaz nach ouni Punkt.