Lëtzebuerg verléiert Virbereedungsmatch géint Litauen mat 29-31
Viru gutt 350 Zuschauer war den Owend zu Bouneweg de Frëndschaftslännermatch tëscht Lëtzebuerg a Litauen . Lëtzebuerg huet gutt matgehalen a konnt bis zur Paus e Remis halen beim 15-15. No der Paus sinn eis rout Léiwen permanent engem Retard vun 2-3 Goaler nogelaf. Um Enn ass et net ganz duergaangen, an eis Equipe verléiert knapp mat 29-31. Si mécht sech en Donneschdeg op de Wee op Ahlen (D) an en Trainingslager. D'Litauer spillen en Donneschdeg an der Quali fir d'Euro 2020 géint Frankräich.