Lëtzebuerg verléiert och deen zweete Match géint Finnland mat 18-30
  27.11.2021


An der éischter Halbzeit hunn d'Lëtzebuergerinnen sech ganz schwéier gedoen an et ass mat engem 5-18 an d'Paus gaangen. Finnland war eiser Ekipp an alle Belaanger iwwerleeën. No der Paus huet sech eis deziméiert Ekipp, just 11 Spillerinne konnte wéinst kuerzfristegen Problemer bedéngt duerch COVID mat a Spuenie reesen, awer zesummegerappt an huet besser dogéint gehalen. 13-12 konnten eis rout Léiwinnen déi 2. Hallschent fir sech entscheeden. Um Enn bléift et awer eng kloer Victoire fir Finnland.

#handballassméi