Lëtzebuerg verléiert am 1. Match mat 33-38 géint Estland
  17.01.2020


No engem gudde Start an engem 3-0 no 2 Minutten, hunn eis rout Léiwen sech virun allem an der Verteidegung schwéier gedoen, a si permanent engem Réckstand vun 2-3 Goaler nogelaf. An de leschten 3 Minutten hunn eis Jonge leider de Match aus der Hand ginn, sou dass et um Enn eng Nidderlag mat 5 Goaler ginn ass. Haut geet et dann op de Wee an Estland wou eis Léiwen e Sonndeg um 12:45 (eis Zäit) probéieren dat Onméiglecht nach méiglech ze maachen. Mir drécken d'Daumen!

De Match kënnt dir am Livestream op EHF.TV kucken https://www.ehftv.com/int/

#handballassméi #AXALeague