Lëtzebuerg um 15. EHF Kongress zu Wien vertrueden

  26.04.2021

E Freideg an e Samschdeg war d'FLH duerch hier Vizepresidenten Thierry Wagner a Josée Keiffer souwéi dem Tresorier René Krack zu Wien um EHF Kongress vertrueden. Ursprénglech sollt dee Kongress jo zu Lëtzebuerg stattfannen an huet kuerzfristeg misse wéinst de Covidreegelen hei am Land ofgesot ginn. Et war e Walkongress, wou den aktuelle President vun der EHF, de Michael Wiederer, fir weider 4 Joer a sengem Amt bestätegt ginn ass. D'Lëtzebuerger Handballfederatioun gratuléiert dem alen a néie President Michael Wiederer.

Héi fannt dir weider Informatiounen zum Kongress: https://www.eurohandball.com/en/news/en/michael-wiederer-re-elected-as-ehf-president/