Lëtzebuerg - Israel 24 - 33 (Paus 9 - 17)
  01.06.2019


Leider verléieren eis Dammen hiren zweete Match géint Israel mat 24 - 33. An der Paus louchen si schonns mat 9 - 17 hannen a konnten deen Ecart net méi gutt maachen.

Lëtzebuerg huet gespillt mat : Alina HUREMOVIC an Eva ETOGA  am Goal -  Kim WIRTZ (3), Jil ZEIMETZ (1), Laura WILLEMS (2), Joy WIRTZ (10), JUNG (1), Dea DAUTAJ, Sharon DICKES, Niki SCHILT (1), Semina RADONCIC, Lena KIRTZ, Amélie GRAN, Ana Luisa MONTEIRO GONCALVES (3), Tina WELTER (3/2), Jenny ZUK
Coach : Adrian STOT a Michel SCHEUREN  

2 Minutten    : Lux 3            ISR 2
7 Meter         : Lux 6 / 4      ISR 4 / 3

No der sensationeller Victoire géint Finnland am éischte Match haten d'Meedercher vum Trainer Stot et am zweete Match géint Israel méi schwéier wat jo awer am Virfeld gewosst war. Dass se dann och nach vun den ukraineschen Arbittere benodeelegt gi sinn, huet de Réckstand an der Ufanksphase erkläert. Et muss een awer och soen dass eis Meedercher sech eng ganz Rei vu Feelpass an technesch Feeler geleescht hunn. Trotzdeem huet ee bis an di 24. Minutt dru gegleeft dass se de Réckstand nach géifen ophuelen (9:12). Du koumen awer déi fatal 6 Minutten an deenen d'Israeli bis zur Pause mat engem 6:0 op 9:17 dovugezu sinn. Den zweeten Duerchgang huet da bestätegt dass eis Equippe duerchaus mat dem Géigner kéint rivaliséieren. Um Enn gouf et eng 24:33 Defaite. D'Bedauere war nom Match méi grouss wéi d’Enttäuschung, well do war definitiv méi dran.