LESCHT CHANCE (nach 2 DEEG) PROMOTIOUN : Lännermatch Lëtzebuerg - Schweden
Lännermatch Lëtzebuerg - Schweden am Kader vun der Qualifikatioun fir d'EURO2024 (Fraen)
Fir all eise weibleche Memberen d'Méiglechkeet ze ginn fir eis Roud Léiwinne géint Schweden ze ënnerstëtzen, bitt d'FLH all weibleche Lizenzéierten, eng gratis Entrée fir de Match, dee Sonndes de 15. Oktober um 16 Auer am Gymnase vun der Coque gespillt gëtt.
Mëllt Iech un iwwert eisen Onlineformular (https://forms.office.com/e/u5ZVu1Euj3) a mir schécken Iech äre Promo-Code da per Mail. Mat dësem Code kënnt dir äre gratis Entréesbilljee um Site vun Ticket-Regional am Virverkaf bestellen (www.ticket-regional.de/lux-handball). Fir vun dëser Offer ze profitéieren, musst dir är Demande awer virum 5. Oktober ausgefëllt hunn.
Déi Tickete sinn awer streng perséinlech a kënnen net un aner Persoune weiderverkaaft, verschenkt oder weidergereecht ginn. Dës Offer riicht sech un all weiblech Lizenzéiert vu méi wéi 17 Joer (ënner 17 Joer ass jo souwisou gratis Entrée).
Selbstverständlech kënnen nach aner Ticketen an där Commande bestallt ginn.