🎉 Léiwe Paul – elo ass et sou wäit ! 🎉
🎉 Léiwe Paul – elo ass et sou wäit ! 🎉
No ville Jore voller Engagement gees de an deng wuelverdéngt Pensioun. 🙏
Mat vill Asaz an engem oppene Bléck hues de ëmmer den SBO am A behalen, op d’Regele gekuckt an hues dobäi ëmmer en oppent Ouer fir eis Arbitter gehat.
Am Büro wäerts de eis sécher feelen – als engagéierte Fachmann an als Mënsch.
Mee ganz ouni Handball ? Fir dech bal net virstellbar !
Mir si sécher, datt mir dech och an Zukunft nach oft als Delegéierten an op Manifestatioune wäerten erëmgesinn – an datt mir nach dacks op däi professionelle Bléck dierfen zeréckgräifen.
✨ Elo ass d’Zäit fir d’Liewen ze genéissen: kee Stress méi, mee hoffentlech vill flott Momenter – mam Handball an och doriwwer eraus.
👉 MERCI vu ganzem Häerz, Paul, fir alles wat’s de geleescht hues !
Mir wënschen dir nëmmen dat Bescht fir deng nei Liewensetapp. 💚
Alles Guddes, Ness ! 🍀
#handballassméi