Lännermatch Island - Lëtzebuerg (EURO2024 Qualifiers Fraen) e Mëttwoch am Livestream ab 21:10 Auer.

  08.10.2023

E Mëttwoch (11. Oktober) kënnt dir um Livestream (by HandballTV) de Match vum éischte Spilldag an der EHF EURO 2024 Qualifiers Fraen (Grupp 7) tëschent Island  a Lëtzebuerg  gesinn.

 

Ufank vun eiser Iwwerdroung ass um 21:10 Auer (de Match fänkt um 21:30 Auer un - Lëtzebuerger Zäit).

 

Dëse Livestream empfänkt dir entweder op der Telé op apart TV am Reseau vun Eltrona, vun der Post (Kanal 82) an och by Orange TV, oder op dem PC oder dem Smartphone op www.flh-live.lu (Handball TV by AXA), op www.livestream.lu an op www.apart-tv.com.

 

Den 2. Match ass dann e Sonndeg 15. Oktober um 16:00 Auer an der Coque géint  Schweden.