Kay Holm aus Däitschland als Beobachter um Loterie Nationale Finale 4
Mir si frou vun e Mëttwoch bis e Sonndeg de Kay Holm wärend dem Loterie Nationale Final 4 begréissen ze kënnen.
De Kay Holm aus Hamburg war vun 1995 bis 2017 Bundesligaschiedsrichter an Däitschland an huet ronn 800 Matcher an der 1. an 2. Bundesliga gepaff. Säit 2017 ass hien DHB Schiedsrichterlehrwart a Member am Schiedsrichterlehrstab. Als Delegéierten ass de Kay Holm momentan och reegelméisseg an der Handballbundesliga am Asaz. Nieft Analyse vun de Matcher, mécht de Kay nach e puer Formatioune fir all eis Arbitter.
D'FLH seet am Viraus Merci a wënscht dem Kay e flotte Weekend hei zu Lëtzebuerg
#handballassméi #LoterieNationaleFinal4 #AXALeague