Internationalen U19 Turnéier muer Samschdeg 9. November
Am Virfeld vum Lännermatch tëschent Lëtzebuerg a Kroatie fir d’Men’s EHF EURO2026 Qualifiers Phase 2, spillen eis U19 Männer en Turnéier mat der Belsch an der Ekipp vun Nancy Handball.
Ufank ass um 13:00 Auer mam Match tëschent Lëtzebuerg U19 an Nancy Handball
Um 15:00 Auer : Nancy Handball – Belsch U19
Um 17:00 Auer : Lëtzebuerg U19 – Belsch U19
Fräien Entrée fir déi 3 Matcher.
Duerno muss een awer fir Lëtzebuerg – Kroatien en Ticket hunn.
OPGEPASST !! : d‘Sëtzplaze sinn all ausverkaaft. Bleiwen nach eng +- 110 Stéiplazen.
Maacht Iech bäi, well dat gesäit esou aus, wéi wann de Match komplett „Sold Out“ wär.
#handballassméi #RoudeLéiwhuelse