Internationale Jugend Turnéier zu Nidderkuer den 21. Dezember

  17.12.2024

Fir d'Joer 2024 ofzeschléissen organiséiert d’Entente Kordall Samsdes den 21. Dezember nach e klengen internationalen Turnéier.

 

Et wäerte Matcher vun de Kategorien U13 mixtes, U15 souwéi U17 Jonge gespillt ginn.

 

D‘Ekippe vun der Entente Kordall wäerten op Ekippen aus der Grenzregioun aus Frankräich treffen.

 

D'Buvette ass de ganzen Nomëtte bis zum Schluss vum Turnéier op, a gëtt vun der lokaler Jugendkommissioun geleet. Ufank 13:30 Auer zu Nidderkuer.

 

#handballassméi