🌍 HBD Youth Cup 2026 – Internationale Jugendhandball zu Lëtzebuerg! 🌍🤾‍♀️

  02.04.2026

Ouschterweekend heescht : Youth Cup Time !


Als Handballfederatioun freeë mir eis, dësen aussergewéinlechen Event organiséiert vum HB Dudelange mat iech ze deelen :

👉 16 Ekippen aus verschiddenen europäesche Länner

👉 Héichklassege Jugendhandball

👉 E Weekend voller Passioun, Respekt a Fairplay

E richtegt Highlight fir de lëtzebuergeschen Handball, wou Talent, Teamgeescht a Begeeschterung am Mëttelpunkt stinn ! 💪🏼

Gidd laanscht, ënnerstëtzt d’Spiller vum HBD a genéisst eng eenzegaarteg Atmosphär ! 🙌
 

All d'Infoen op youth-cup.lu

#handballassméi #striveforthecup