HB Diddeleng - Handball Esch bei den Hären dëse Samschdeg am LIVESTREAM ab 19h55

  07.02.2020

Dëse Samschdeg (8. Februar) kënnt dir um Livestream de Match aus der Hären AXA League tëschent dem HB Diddeleng an dem Handball Esch gesinn. Ufank vun eiser Iwwerdroung ass um 19:55 Auer (De Match fänkt um 20:15 Auer un).

De Livestream empfänkt dir op Apart TV am Reseau vun Eltrona, vun der Post (Kanal 82) an och by Orange TV, op www.flh-live.lu (Handball TV by AXA), op www.tageblatt.lu oder op www.rtl.lu, an der App vun RTL an op www.apart-tv.com.

Dëse Match, an all déi aner Matcher vun dësem Spilldag aus der AXA League (Dammen an Hären), an och vun all deenen anere Kategorien (Promotioun a Jugend), kënnt dir um Liveticker op www.flh-live.lu verfollegen.

#AXALeague #handballassméi