Handballcamp beim HB Diddeleng vum 31.10 bius 03.11.2018

  10.10.2018

Den HB Diddeleng organiséiert erëm zesumme mat hirem Partner Scamix en Power- an Handballcamp zu Diddeleng am C.S. Hartmann vum 31.10 bis den 03/11/2018. Des Campe sinn och op fir all handballbegeeschert Kanner vun alle Veräiner ! 2 mol den Dag ginn an 2 Halen Traininge vu Bundeslilgatrainer gehalen, Mëttes gëtt dann zesummen e Maufel giess. Waasser, Uebst a Snacke sinn och do fir Kanner. All Kand kritt dobäi och nach en "Hummel" T-Shirt als Erënnerung! Mellt Iech un andeems der de Flyer ausfëllt a bei den HBD schéckt. Platze si limitéiert!