Handball Esch Champion Hären AXA-League 2018/2019
Mir gratuléieren dem Handball Esch fir den Championstitel 2018/2019 an der Hären AXA-League.
No engem spannende Match spillen si 31-31 gläich géint Käerjeng, déi sech domat in extremis a leschter Sekonn als Drëtte fir de Challenge Cup qualifizéieren. Am direkte Vergläich hunn si am ganze Championnat 3 Victoire géint Bierchem, déi sech just eemol géint Käerjeng duerchsetze konnten (eis momentan Tabell weist aus technesche Grënn just den direkte Vergläich vum Play-off un). D'Red Boys vun Déifferdeng si Vizechampion no hirer 34-28 Victoire doheem géint Diddeleng.