Handball by Night vum HB Museldall (16. Juni 2018)
Den HB Museldall luet Iech häerzlech op hiren Handball by Night den 16. Juni 2018 an.
Et handelt sech em een Tournoi bei deem lizenzéiert an net lizenzéiert Spiller an Spillerinnen gemeinsam an géinteneen Handball spillen.
Dat ganzt ass ee Spaassturnéier bei deem ëmmer mindestens 1 net lizenzéierte Spiller/in an eng Spillerin um Terrain stoe muss.
Fir Iessen a Gedrénks ass gutt gesuergt. Vun 18:00 bis 19:00 ass och eng Happy Hour organiséiert.
Dat ganzt gëtt an der NEIER Hal zu Gréiwemaacher op Flor (niewent dem Fussballstadion) ofgehalen.
Bei Interessi kenn der Iech direkt via valerie.mackel@gmail.com oder och ënner contact@hbmuseldall.lu umellen.