Häre Nationalequippe : Tirage EM 2022 a WM 2021

  23.07.2019

Haut war am Siège vun der EHF zu Wien den Tirage fir 2 verschidde Kompetitiounen.

An der Qualifikatiouns Phase 1 fir d'Weltmeeschterschaft 2021 an Egypten spillt eis Equippe an der Grupp 1, zesumme mat Litauen, Färöer Inselen an d'Slowakei

D'Matcher gi gespillt :
Ronn 1 :          LUX - SVK     
23. - 24.10.2019 (Mëttwoch/Donneschdeg)
Ronn 2 :          FAR - LUX      26. - 27.10.2019 (Samschdeg/Sonndeg)
Ronn 3 :          LUX - LTU      01. - 02.01.2020 (Mëttwoch/Donneschdeg)
Ronn 4 :          LTU - LUX      04. - 05.01.2020 (Samschdeg/Sonndeg)
Ronn 5 :          SVK - LUX      08. - 09.01.2020 (Mëttwoch/Donneschdeg)
Ronn 6 :          LUX - FAR      11. - 12.01.2020 (Samschdeg/Sonndeg)
Oder a Form vun engem Turnéier (wann déi 4 Equippe sech eens ginn).

Den éischten aus all Grupp kënnt an d'Qualifikatiouns Ronn 2 mat de groussen Handball Natiounen. 

An der "Relegatiouns Ronn" fir d'Euro 2022 an Ungarn an der Slowakei, spillt eis Equipe géint Estland. Hei gëtt an Aller-Retour Matcher gespillt. De 15./16. Januar ass den Aller zu Lëtzebuerg, an den 18./19. Januar an Estland. De Gewënner qualifizéiert sech fir d'Qualifikatiouns Phase 2, wou da Géigner wéi Frankräich, Däitschland, Kroatien, Spuenien, Norwegen etc kënne waarden.