Georges "Willy" Geib fir 3000 Matcher am Déngscht vun der FLH geéiert
  30.05.2021


Gëschter Owend gouf de G. Geib fir 3000 Matcher, sief als Secrétaire/Chronométreur, als Arbitter oder als FLH Delegéierte geéiert. Säin éischten Optrëtt als Arbitter hat de Georges zu Käerjeng an der "klenger" Hall (Hall André Siebenbour), do wou haut de Käerjenger Treff steet, direkt nieft dem Käerjenger Dribbel, wou hie gëschter säi leschte Match hat.

Mir wënschen dem Georges elo nach vill Spaass a senger Handball-Pensioun.