Frëndschaftsmatch U19 Meedercher - HB Diddeleng (Fraen)
Matt 14 Meedercher, tëschent 2003 an 2007 gebuer, ass eis U19 Ekipp géint d'Dame vum HBD ugetrueden. No enger ganz gudder éischter Hallschent, stoung et an der Paus 12-7 fir den HBD.
An der 2. Hallschent huet eis Ekipp weider probéiert alles emzesëtzen, wat den Trainer verlaangt huet. Schlussresultat 31-19 fir den HBD.
Fir d'Team Lëtzebuerg hu gespillt : Adrovic Amina, Carusa Sara, Cilovic Amina, Cilovic Rijalda, Ciufoli Laura, Da Camara Vitoria, Ecker Mara, Galic Teodora, Kozar Mirela, Melchior Lily, Oliveira Ines, Reding Mara, Rodesch Joanne, Varela Yona.