Formatioun vun jonken Arbitter an der Maison des Sports
Um "Daag vum Arbitrage" haten sech iwwer 30 jonk Spiller a Spillerinne Rendezvous an der Maison des Sports zu Stroossen ginn, wou si eng Formatioun fir Arbitter vu ronn 2 Stonnen ënner der Leedung vum Patrick Simonelli kritt hunn. Mir wënschen dëse jonken Arbitter eng gutt Saison an hoffen dobäi op de Fairplay an d'Ënnerstëtzung vun de Veräiner an Zuschauer. Ouni Arbitter geet et net! #MirsinnHandballarbitter #MirsinnHandball #Letsmakeithappen #NoRefNoGame