Formatioun Animateur Polyvalent zu Diddeleng a Beetebuerg

  08.01.2018
E Samschdeg 16. Dezember Moies war op Wonsch vum HB Diddeleng am Hall Omnisports eng Formatioun fir polyvalent Handball Animateure mam Dominique Gradoux organiséiert ginn. D'Trainere vum HBD, Museldall, Standard a Red Boys hu matgemaach. Dobäi hunn d'Kanner vun der U14 vum HBD bei de prakteschen Exercicer gehollef. Grouss war den Engagement an och d’Freed fir nei Saache beim Training ze entdecken. Matt enger Pizza ass de Stage bei gudder Ambiance ofgeschloss ginn. Genau esou eng Formatioun, awer fir "Animateurs Polyvalents Confirmés" war och am Dezember zu Beetebuerg. D'Kanner vum HB Beetebuerg hunn hei bei de prakteschen Exercicë gehollef.