FLH SuperCup bei den Dammen a bei den Hären dëse Samschdeg zu Biissen ab 15h00 Auer
  01.09.2021


Dëse Samschdeg (4. September) sinn zu Biissen am Sportkomplex (1 rue des Sports, 7795 Bissen) d’Matcher vum FLH SuperCup.

 

Bei den Dammen tëschent dem Chev Dikrech an dem HB Diddeleng um 15:00 Auer.

Bei den Hären tëschent dem Handball Esch an dem HC Bierchem 17:30 Auer.

 

Entrée 10 Euro (ab 16 Joer) - 5 Euro fir Studenten

 

Dës Manifestatioun fënnt ënnert dem CovidCheck-System statt (dat heescht Entrée ass just fir Leit mat 3G (Geimpft, nees Gesond oder Getest - Certificat net vergiessen). Méiglechkeet en Test sur place ze maachen (Präis 10 Euro).

 

#AXALeague#handballassméi#handballasszréck