FLH SuperCup 2021 zu Biissen
30.08.2021
D'FLH organiséiert deen elo schonns traditionelle Supercup dëst Joer zu Biissen am Sportkomplex (1, rue des Sports L-7795 Bissen)
15:00 Auer : CHEV Dikrech - HB Diddeleng (Dammen)
17:30 Auer : Handball Esch - HC Bierchem (Hären)
Entrée 10 Euro (ab 16 Joer) - 5 Euro fir Studenten
Dës Manifestatioun fënnt ënnert dem CovidCheck-System statt (dat heescht Entrée ass just fir Leit mat 3G (Geimpft, nees Gesond oder Getest).
Méiglechkeet en Test sur place ze maachen (Präis 10 Euro).