FLH Kongress 2019 zu Käerjeng

  29.06.2019

Haut de Muere war déi uerdentlech Generalversammlung vun der FLH zu Käerjeng am Kulturzentrum "am Treff". Niewent de Membere vum CA, de Vertrieder vun de 14 Veräiner, der Refcom a Vertrieder vun der Press, waren och de Sportminister Dan Kersch, de Käerjenger Buergermeeschter Michel Wolter an den FLH Éierepresident Jeannot Kayser präsent. Déi meeschte Punkten a Rapporten sinn entweder per Akklamatioun, eestëmmeg oder mat grousser Majoritéit ugeholl ginn. Haut ass dann och als 15. Veräin vun der Handballfamill, den Handball Bartreng definitive an d'FLH opgeholl ginn an si sinn dunn och mat grousser Majoritéit bestëmmt gi fir de nächsten uerdentleche Kongress am Joer 2020 ze organiséieren.