Fir eis EHF Arbitter Koppel Linster-Rauchs ass och de Summer voll gepaakt mat Handball !
Dëse Mëttwoch huele si un hirem éischten „IHF Referees Summer Training Camp“ zu Lübeck an Däitschland deel, wou nieft Matcher am Kader vum Nations Cup wärend 5 Deeg och vill Léiergäng, Videoanalysen, Reegel- a Fitnesstester um Programm stinn. Si wäerten do a gudder Gesellschaft mat Arbitterkoppelen aus e.a. Däitschland, Kroatien, Ungarn a Norwege sinn. Des weideren ass dësen Trainingscamp eng perfekt Virbereedung, éier den Alain a Philippe vum 1. bis den 11. August eist Land am Kader vum “Women’s 17 EHF Championship” zu Lignano Sabbiadoro (Italien) vertrieden.
Den Handball Lëtzebuerg wënscht hinne vill Gléck fir des zwou Campagnen !
#Letsmakeithappen #MirSinnHandball #AXALeague