Final4 Loterie Nationale Coupe de Luxembourg : Hallef Finallen Dammen
An der éischter Hallef-Finall setzt sech den Handball Käerjeng mat 26 - 15 géint den Handball Esch duerch. An der Paus louch Käerjeng mat 12 - 10 vir.
An der zweeter Hallef-Finall setzt sech de Chev Dikrech mat 19 - 18 géint den HB Museldall duerch. An der Paus louch Dikrech mat 11 - 9 vir.
Domat spillen e Sonndeg den Owend um 18:30 den Handball Käerjeng géint de Chev Dikrech d'Finall vun der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg am Gymnase vun der Coque