Emely Weis geet op Viborg an Dänemark
Déi jonk 16 Joer al Kaderspillerin Emely Weis huet no engem Testtraining beim Handball Club VIBORG (DK) confirméiert kritt, dass hat déi nächst Saison an der 2ter Equipe spille kann. Déi jonk Spillerin vum HBD wäert da 4x d‘Woch zesumme mat den Damme vun der 1ter Equipe trainéieren. D'Emely freet sech drop och am dänesche Championnat Erfarungen ze sammelen. Mir wënschen him "Bonne Chance"!