Eis U18 verléiert mat 25-31 géint Mazedonien
An den éischten 30 Minutten hunn eis rout Léiwe mat vill Asalz de Mazedonier d'Liewe méi ewéi schwéier gemaach, a konnten sou de Match bis an d'Paus beim 14-14 gläich gestalten. No der Paus huet eis Equipe praktesch ëmmer an Ënnerzuel gespillt, wat natierlech un d'Substanz gaangen ass. Dovun hunn déi staark Mazedonier profitéiert fir sech um Enn e bessen héich mat 6 Goaler Differenz duerchzesetzen. Et gëllt elo de Kapp héich ze hale fir e Méindeg (9h00 Zäit Lëtzebuerg) géint eng ganz staark Schwäizer Equipe et besser ze maachen. Stay tuned!