Eis 🇱🇺 U18 Nationalekipp verléiert géint d'Belsch 🇧🇪

  21.12.2025

U18 Meedecher an der Belsch! 🔥🇧🇪 - Dräi Natiounen Turnéier zu Lokeren (B)

 

Am Ufank zevill Konterattacken zougeloss wéinst engem schlechten Reckzugsverhalen, esou huet d'Trainerin Tina Welter d'Ufanksphase beschriwwen. Leider hunn eis roud Léiwinne hier Hektik am Ugrëff nie konnte ganz ofléen, sou dass et nom Pauseresultat vun 13-25, um Enn eng 22-40 Néierlag gouf. Elo gëllt et Léieren aus dësem Match ze zéien, a muer en anert Bild ze weisen.

 

Muer spillen d'Meedercher um 17:00 Auer géint 🇬🇧 Groussbritannien.