Eis U18 Jongen ënnerwee op Tiflis a Georgien

  08.08.2018

De Mëtteg géint 4 Auer starten eis rout Léiwen um Findel a Richtung Tiflis wou si vum 10. bis 19. August um Men's 18 EHF Championship 2018 deelhuelen. Am ganze spillen si do 7 Matcher géint Géigner ewéi Mazedonien, Schwäiz a Litauen. Am Grupp A treffen si den 10.8 um 13:00 an hirem éischte Match op d'Färöer Inselen. D'Tabell mat de Matcher fannt dir um Site vun der EHF iwwert folgende Link www.2018tbilisi.com Dir kënnt all d'Matcher och am Livestream verfollegen iwwert www.ehftv.com/int/livestream-schedule De ganze Lëtzebuerger Handball dréckt eiser U18 fest d'Daumen. Stay tuned! #MirsinnHandball #Letsmakeithappen #RoudeLéiwhuelse