Eis U17 Meederchersnationalekipp ass de Moien a Georgië gestart
De Moien um 11h35 sinn eis rout Léiwinnen iwwert Istanbul op Tiflis a Georgien gestart. D'Arrivée dohannen ass géint Mëtternuecht virgesinn. Hei spillen si vum 6. bis den 15. August um Women's 17 EHF Championship géint e.a. Holland, Ukrain, Georgien a Griicheland. De Spillplang fannt dir an der Annexe. Den éischte Match vun eiser Ekipp ass e Freideg de 6. August géint Georgien um 15h00 (fir d'Zäit zu Lëtzebuerg muss dir ëmmer 2 Stonne wech rechnen).
Mir wënschen eise jonke Frae vill Erfolleg op hirem éischten Optrëtt op der internationaler Bün.
#roudeLéiwhuelse #handballassméi