Eis U17 Meederchersnationalekipp gewënnt Frëndschaftsmatch
Gëschter hunn eis rout Léiwinne vun der U17 Nationalekipp zu Saarbrécken an engem weidere Frëndschaftsmatch géint eng Auswiel aus dem Saarland mat 24-17 gewonnen. Eng konzentréiert Leeschtung iwwer 60 Minutten an der Verteidegung hunn et de Géignerinne schwéier gemaach, Léisungen ze fannen.
Eis Meedercher bereeden sech op EHF Championship vir, déi am August am Aserbaidschan stattfënnt.